Klickt hei fir Iech anzeloggen an d'Ëmfro auszefëllen

Iwwer dës Ëmfro

D’Europäesch Ëmfro iwwer d’Enseignante(ë)n an de Beruffsschoulen

Den Europäeschen Zentrum fir d'Entwécklung vun der Beruffsausbildung (Cedefop) féiert vun Oktober 2025 bis Juni 2026 d'Europäesch Ëmfro iwwer d’Enseignante(ë)n an de Beruffsschoulen (EVTS) duerch. An Zesummenaarbecht mat der onofhängeger Fuerschungsagence Verian an hiren nationale Partner wäert de Cedefop eng Ëmfro ënnert den Enseignante(ë)n an 23 Memberstaate vun der Europäescher Unioun duerchféieren, fir zouverléisseg nei Erkenntnisser ze sammelen, déi zur Gestaltung vun den nationalen an europäesche politesche Moossname fir d’Verbesserung vun de Weiderbildungsméiglechkeete fir d’Enseignante(ë)n an de Beruffsschoule bäidroe wäerten.

Duerch d'Participatioun un der EVTS wäert Är Stëmm, niewent deene vun iwwer 14.000 Enseignante(ë)n aus Beruffsschoulen uechter Europa, zu dëser wichteger Fuerschung bäidroen. D'Participatioun un der Ëmfro ass komplett fräiwëlleg an Dir braucht keng besonnesch Virkenntnisser fir op d'Froen ze äntweren. Zousätzlech zu Ärer wichteger Roll bei dëser EU-wäiter Fuerschung an als Zeeche vun eiser Wäertschätzung fir Är Participatioun un dëser Ëmfro, kritt Dir e Remerciementschreiwes an e perséinlechen, vum Cedefop ënnerschriwwene Certificat, deen attestéiert, datt Dir zu dëser Ëmfro bäigedroen hutt. Är Schoul kritt och eng finanziell Belounung oder déi fir de Kaf vu Material benotzt ginn kann. Ausserdeem gitt Dir op Online-Evenementer invitéiert, déi vum Cedefop organiséiert ginn, an op deenen d’Resultater vun der Ëmfro souwuel op europäeschem wéi och nationalem Niveau bekannt gemaach ginn. Dës Evenementer sinn och d'Geleeënheet, Iech mat aneren Enseignante(ë)n aus Beruffsschoulen an anere Fachleit aus der EU oder aus Ärem Land auszetauschen.

Bild vun der EU an de Länner, wou d'Europäesch Ëmfro iwwer d’Enseignante(ë)n an de Beruffsschoulen duerchgefouert gëtt Bild vun der EU an de Länner, wou d'Europäesch Ëmfro iwwer d’Enseignante(ë)n an de Beruffsschoulen duerchgefouert gëtt

Cedefop

Den Europäeschen Zentrum fir d'Entwécklung vun der Beruffsausbildung (Cedefop) ënnerstëtzt d'Europäesch Kommissioun, d'Memberstaaten an d'Sozialpartner bei der Ëmsetzung vun europäesche strategeeschen Ziler a politesche Prioritéite betreffend d'Roll an d'berufflech Weiderentwécklung vun den Enseignante(ë)n an de Formateuren/Formatricen an de Beruffsschoulen.

De Cedefop, deen 1975 gegrënnt gouf an zanter 1995 säi Sëtz a Griicheland huet, ënnerstëtzt an Zesummenaarbecht mat der Europäescher Kommissioun, de Memberstaaten an de Sozialpartner, d’Fërderung, d’Entwécklung an d’Ëmsetzung vun der EU-Politik am Beräich vun der allgemenger a berufflecher Weiderbildung, souwéi d’Kompetenzen- an d’Qualifikatiounspolitik. De Cedefop ass direkt u grousse Fuerschungsaarbechte bedeelegt a sammelt Daten aus 29 Länner (EU-Memberstaaten an och Island an Norwegen), fir national Initiative fir déi berufflech Weiderentwécklung vun den Enseignante(ë)n a Formateuren/Formatricen aus de Beruffsschoulen ze erfaassen an ze analyséieren. De Cedefop bitt de politeschen Decideuren a Praktiker aus der Beruffsausbildung Ressourcen duerch d’Entwécklung an d’Verbreedung vun interaktiven Toolkits fir d’Fërderung vun der Inklusioun an der Beruffsausbildung. Mat sengen Toolkits wëll de Cedefop vulnerabel Apprenante(ë)n a Persounen, déi d’Schoul oder hir Ausbildung ze fréi ofbriechen, an NEETs ënnerstëtzen. Fir méi iwwer d'Aarbecht vum Cedefop iwwer d’Enseignante(ë)n an d’Formateuren/Formatricë gewuer ze ginn, klickt hei.

Dës Fuerschung gëtt vum Cedefop finanzéiert an duerchgefouert, a Verian gouf mat der Ënnerstëtzung beoptraagt. Verian ass eng weltwäit féierend, onofhängeg Fuerschungs-, Evidenz- a Berodungsentreprise, déi Déngschtleeschtunge fir Regierungen an den ëffentleche Secteur an alle Beräicher vun der ëffentlecher Politik ubitt.


Dateschutz

All Äntwerten oder Informatiounen, déi Dir matdeelt, gi streng vertraulech behandelt an d’Anonymitéit vun all Befrotem gëtt garantéiert. All gesammelt Date ginn eenzeg an eleng fir Fuerschungszwecker benotzt.

D'Participatioun un der Ëmfro ass komplett fräiwëlleg an Dir braucht keng besonnesch Virkenntnisser, fir op d'Froen ze äntweren.

Froen am Zesummenhang mat der Datesécherheet, dem Dateschutz an der Vertraulechkeet gi ganz eescht geholl. Verian huet Datesécherheetsprozeduren entwéckelt, déi de Risiko vum Dateverloscht reduzéieren a sécherstellen, datt d'Vertraulechkeet vun de Befroten ëmmer geschützt ass.

Mei Informatiounen dozou fannt Dir an der Dateschutzerklärung iwwer follgende Link.