Klickt hei fir Iech anzeloggen an d'Ëmfro auszefëllen

Heefeg gestallt Froen (FAQ)

Wie féiert dës Fuerschung duerch?

Dës Ëmfro gëtt vum Europäeschen Zentrum fir d'Entwécklung vun der Beruffsausbildung (Cedefop) an Zesummenaarbecht mat Verian (Verian Group Belgium SA) ausgefouert. De Cedefop ënnerstëtzt d'Europäesch Kommissioun, d'Memberstaaten an d'Sozialpartner bei der Ëmsetzung vun europäesche strategeeschen Ziler a politesche Prioritéite betreffend d'Roll an d'berufflech Weiderentwécklung vun den Enseignante(ë)n a Formateuren/Formatricen an de Beruffsschoulen.  

Informatiounen iwwer den Cedefop fannt Dir op senger Websäit.

Verian ass eng Entreprise, déi Clienten aus dem Ëmfeld vu Regierungen, dem ëffentleche Secteur, ONGen an ASBLe beim Ausschaffe vun der ëffentlecher Politik, bei Programmer, Déngschtleeschtungen a Kommunikatioune fir d'Ëffentlechkeet beréit. Verian interviewt vill verschidde Persounen, fir entscheedend Ablécker an déi sech verännerend sozial, politesch a wirtschaftlech Landschaft an Europa ze ginn.

Méi Informatiounen iwwer Verian fannt Dir op hirer Websäit. Websäit


Firwat gouf ech invitéiert, fir deelzehuelen?

Fir d’éischt gouf Är Schoul nom Zoufallsprinzip aus enger nationaler Lëscht vun alle qualifizéierte Schoule vun der initialer Ausbildung a Formatioun an Ärem Land ausgewielt. Dës Lëscht gouf vun der nationaler Educatiounsautoritéit, zum Beispill dem Educatiounsministère, speziell fir den Zweck vun dëser Ëmfro zur Verfügung gestallt.

Duerno huet d’Fuerschungsekipp en Echantillon vu Schoulen op der Basis vun enger zoufallsbaséierter, systematescher Selektioun ausgewielt.

D’Fuerschungsekipp huet dunn en Zoufallsechantillon vun Enseignante(ë)n aus dem ISCED-Niveau 3 vun der initialer Ausbildung a Formatioun aus där vun den ausgewielte Schoulen zur Verfügung gestallter Lëscht vun Enseignante(ë)n ausgewielt, woubäi pseudonymiséiert Informatioune benotzt goufen. Alternativ dozou huet Verian de Schoule gewisen, wéi si selwer en Echantillon vun Enseignante(ë)n auswiele kënnen. Et ass och méiglech, datt all d’Enseignante(ë)n an enger Schoul gefrot goufen, un der Ëmfro deelzehuelen, jee no der Unzuel un Enseignante(ë)n, déi a Fro koumen. Et ass wichteg, dorop hinzeweisen, datt d’Fuerschungsekipp am Kader vum Prozess keen Zougang zu perséinlechen Date vun den Enseignante(ë)n, wéi Nimm oder Kontaktdaten, kritt huet.


Firwat si meng Usiichte wichteg?

D'EVTS-Ëmfro ass fir d'EU-Länner vun entscheedender Bedeitung, well se zolidd, vergläichbar Daten iwwer d’berufflech Weiderentwécklung vun den Enseignante(ë)n an der Beruffsausbildung liwwert. Dës Date wäerten an d’Gestaltung vun nationalen an europäesche politesche Moossnamen afléissen, fir d’Participatioun vun den Enseignante(ë)n aus de Beruffsschoulen un héichwäertege Weiderbildungsmoossnamen ze verbesseren, dem Manktem u Léierpersonal entgéintzewierken an de Beruff vum Enseignant an der Enseignante méi attraktiv ze maachen.

D'Resultater vun der Ëmfro wäerten d'Ziler vun der EU ënnerstëtzen, fir e qualitativ héichwäertegt Léierpersonal an Europa ze hunn, déi d’Apprenante(ë)n op en inklusiven digitalen a gréngen Iwwergang virbereede kann, wouvun d’politesch Decideuren, d’Pädagogen an déi méi breet Fuerschungsgemeinschaft profitéiere kënnen.


Wat gëtt vu mir verlaangt?

Wann Dir eng E-Mail mat enger Invitatioun kritt hutt, kënnt Dir Iech mat dem Benotzernumm an dem Passwuert aus Ärer Invitatioun aloggen. Wann Äre Benotzernumm an Äert Passwuert net funktionéieren, kontaktéiert eis wgl., andeems Dir ënnen op dëser Säit op Support klickt.


Ech hu Problemer, fir online op d'Ëmfro zouzegräifen. Wie ka mir hëllen, fir mech anzeloggen?

Wann Dir eng E-Mail mat enger Invitatioun kritt hutt, kënnt Dir Iech mat dem Benotzernumm an dem Passwuert aus Ärer Invitatioun aloggen. Wann Äre Benotzernumm an Äert Passwuert net funktionéieren, kontaktéiert eis wgl., andeems Dir ënnen op dëser Säit op Support klickt.


Wat geschitt mat menge Äntwerten?

Är Informatioune ginn nëmme fir politesch Berodung a Fuerschungszwecker benotzt. Är Äntwerten droen zu engem bessere Verstoe vun de Faktore bäi, déi fir d’Weiderbildung vun den Enseignante(ë)n aus der initialer Ausbildung a Formatioun ausschlaggeebend sinn, a ginn Opschloss doriwwer, wéi si duerch Weiderbildung op zukünfteg wirtschaftlech a sozial Erausfuerderunge virbereet gi kënnen.


Wéi gi meng perséinlech Date geschützt?

All Äntwerten oder Informatiounen, déi Dir matdeelt, gi streng vertraulech behandelt an d'Anonymitéit vun all Befrotem gëtt garantéiert. All déi gesammelt Date ginn eenzeg an eleng fir Fuerschungszwecker benotzt.

D'Participatioun un dëser Ëmfro ass komplett fräiwëlleg. Mir wëllen Iech versécheren, datt et sech net ëm en Test oder eng Bewäertung handelt. Et gi keng richteg oder falsch Äntwerten. Mir sinn un Ären éierleche Meenungen an Erfarungen interesséiert.

Froen am Zesummenhang mat der Datesécherheet, dem Dateschutz an der Vertraulechkeet gi ganz eescht geholl. Mir hunn Datesécherheetsprozeduren entwéckelt, déi de Risiko vum Dateverloscht reduzéieren a sécherstellen, datt d'Vertraulechkeet vun de Befroten ëmmer geschützt ass.

Méi Informatiounen doriwwer fannt Dir an eiser Dateschutzerklärung iwwert dëse Link.


Ech wëll matmaachen, krut awer keng Invitatioun, wat kann ech maachen?

D'Participante(ë) ginn nom Zoufallsprinzip aus zoufälleg ausgewielte Schoulen an Ärem Land ausgewielt. Dës Zoufallsselektioun bedeit, datt Leit aus verschiddenen Altersgruppen, Regioune mat ënnerschiddleche soziale Statussen a Bildungsniveauen invitéiert gi fir matzemaachen.

Obwuel Är Meenung wierklech wichteg fir eis ass, kënnt Dir nëmme bei der EVTS matmaachen, wann Dir perséinlech vun eis invitéiert gouft.


Datum erstallt: 15.05.2025